Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…..!
Op wat freet ee Schüler sich am meeschten wann en endlech op 1ère kënnt?
Op de Cours…? Éischter nik !
Op d’Proffen…? Och nik!
Op den Examen…? Wuel kaum!
Nee, et ass de Kleeschen!

A firwat? Ma well d’Ofschlossklassen de Kleeschen an d’Schoul invitéieren, an deen Dag selwer gestalte kënnen. Och dëst Joer hunn eis Schüler sich vill Méi ginn, fir dem Kleeschen an der ganzer Schoul ee spannenden Dag ze organiséieren.

Meeschtens ass do villes geplangt wat de Proffen den Dag e bëssen opfrëscht. Lass goung  et mat enger Iwwerraschung an der Konferenz. Nieft Konfetti a Ballonen, Schockela  a klenge Kaddoen stoungen  dës Kéier och Yoga-Übungen  a Sangen um Programm. 
Oplockerung an Entspanung  sollen d’Yoga-Übungen bréngen! Doru kéinten d’Enseignanten nach e bësse schaffen … 
Mëttes dunn kruten all d’Schüler eng flott Show gebueden, a verschidden Enseignanten hunn dunn och verstane firwat déi eng oder aner Premières - Hausaufgab iwwert déi lescht Wochen ze kuerz komm ass.  
Zum Schluss stoungen  e puer Spiller um Programm, eng Litanei gouf virgelies an d’Schüler vun den 2e a 1e Klassen hu vir gutt Stëmmung gesuergt wärend  d’Proffen op d’Prouf gestallt goufen. D’Proffenekipp war zwar grouss, mee leider goung  et dëst Joer nik duer fir d’Schüler ze klappen ! Mir ginn eis da geschloen, mee mir wësse jo awer  bei wéi engem  Spill d’Proffen ËMMER  gewannen ;).  
Vir méi Detailer, kuckt iech de Video un. 
Et war schéin! Merci 

You may also like

Back to Top