It’s that time of year again…. 
LAST CHRISTMAS !  
Top oder Flop? 
  
Et solle Leit ginn déi schonn  am August drop warden… nee, net  op Chrëschtdag, mee op dat Lidd wat gewéinlech  als éischt Chrëschtdagslidd vun der Saison op alle Radiostatioune gespillt gëtt. 
A wann et dann esou wäit ass, an den George Michael, deen 1984 wou d’Lidd rauskomm ass  nach Member vun der Band Wham! war, alt erëm séngt, dat säin Häerz op Chrëschtdag dat Joer virdrun gebrach gouf, kënnt et bei de Leit zu den ënnerschiddlechsten  Reaktiounen. 
D’6eC1 war déi lescht Zäit ënnerwee  an hutt sech ëmfrot  wéi d’Leit dësen Ouerwuerm eigentlech  fannen.  Hei sinn e puer Meenungen vun Enseignanten an Elteren, an esouguer eis Direktioun konnt sech virun eise Reporter net  verstoppen. 
Pierre Stockreiser: “Eierlech gesot  wéi ech an ärem Alter war hunn ech et ganz gutt fonnt, mee… ech kann et net méi héieren. ” 
Diane Reiten: “T’ass penibel, mee et gehéiert awer all Joers dozou, muss ech ganz éierlech soen. An ech lauschteren et all Kéiers um Radio wann et leeft. ” 
Iwwregens ass der Madamm  Reiten hiert Liblings-Chrëschtdagslidd  All I want for Christmas  vum Mariah Carey, mee dat däerfe mir kengem soen …. 
Frank Elcheroth:  “Ouni Last Christmas gëtt et guer kee Chrëschtdag, mee all Kéiers wann et um Radio leeft, dann dréit meng Fra  de Radio aus, well déi kann et net méi héieren. Ech hunn et gär. Ech hunn de Rod Steward deen et séngt gär! ” 
Do misste mer dann awer  den Här Elcheroth beléieren  dat de Rod Steward näischt mat deem Lidd ze dunn hutt, mee mir verzeien  him dat natirlich. Et ass een ëmmer nervös wann d’Press een interviewt. ;) 

Arny Weber:  “Jo, t’ass ee coolt Lidd. Et mécht gutt  Stëmmung! Den George Michael erënnert  mech un d’80er Joren. Hee war och schonn  déi Zäit e bëssen extra vu sengem  Styling an senger  Orientatioun hier.” 
Chiara  Lück: “Klassiker! Chrëschtdag ouni Last Christmas geet net. ”  
D’Madamm  Lück hutt Chrëschtdag iwwregens  net  nëmme gär, mee si seett: “Ech SI Chrëschtdag ”…. Oder ee Chrëschtkëndchen?;). 
Nadine Barbel: “Mega!” 
Jean-Luc List …. no vill Gebraddels : “… ech hoffen dat nach vill Last Christmas’en kommen…” 
Diane Weber: “Last Christmas is a nightmare! ” 
Ha Nguyen: “Ech sinn ee richtege Christmas-Fan…. Last Christmas ….naja…. ass ganz ok. ” 
Sandra Peters (Elterecomité): “T’ass een Ouerwuerm, a wann een et bis eng Kéier héieren hutt, gëtt een et nik méi lass. ” 
Här Jacobs: “Habt ihr gewusst, dass die Leute von Last Christmas am meisten Geld verdienen, weil jedes Mal wenn Last Christmas im Radio gespielt wird kriegen die 50 Cent dafür. Hat sich voll gelohnt…. Schade, dass es mir nicht eingefallen ist. ”  
Do musse mir dem Här Jacobs awer widderspriechen. Den George Michael hutt selwer zu Liefzäiten gesot  dat all Profit deen hien  un deem Lidd gemaach hutt gespent  gëtt fir d’Hongersnout an Ethiopien ze bekämpfen. Villäicht  hëlleft dëse  Fakt jo verschiddene Leit fir d’Lidd besser ze erdroen. 
Eent kënne mir festhalen: Kee Chrëschtdagslidd polariséiert méi wéi Last Christmas, a wann déi eng frou  sinn wann et endlech net  méi am Radio leeft, an sich op e puer Méint Paus freeën, sinn déi aner traureg  a kënnen et kaum erwaarden  bis et endlech erëm  lassgeet. ​​​​​​​
Back to Top